Déi ca. 7000 Texter vum Batty Weber senger Abreißkalender-Feuilletonsserie (1913-1940) setze sech mat diverse Facettë vun der kënschtlerescher, sozialer, ekonomescher, politescher an intellektueller Realitéit zu Lëtzebuerg (an doriwwer eraus) auserneen. Si stiechen an der Lëtzebuerger Literatur- a Kulturgeschicht eraus duerch dem Auteur säin Humor, säi breeden Theemespektrum a seng Ambitioun, de Lieser.innen an enger poetiséierter Form en dauerhaften Interessi un der Lëtzebuerger Kultur a Geschicht nozebréngen. An dësem Sammelband ënnersiche Fuerscher.innen aus verschiddene wëssenschaftlechen Disziplinnen déi sproochlech, theematesch an argumentativ Musteren vun de Feuilletonen an hirer Kontextgebonnenheet. Ausgoend vu wëssenschaftlechen Approchen aus de Beräicher Sproochgeschicht, Sozio- a Computerlinguistik, Literatursoziologie a -wëssenschaft, Reliouns-, Stad-, Technologie-, Medezin- esouwéi Ëmweltgeschicht, bidden d'Contributeur.tricë wäertvoll an innovativ Erkenntnisser zur Komplexitéit vun der Lëtzebuerger Kulturproduktioun, Geschicht a Politik, ewéi och den institutionellen an urbane Konditiounen an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert
Anne-Marie Millim is a literary scholar at the University of Luxembourg, specialising in non-fictional and non-canonical genres, such as diaristic and auto/biographical texts; landscape- and tourist writing; and the various forms of semi-/literary prose published in newspapers and magazines. Through her experience in both English and Luxembourgish Studies her interest concerns the interconnectedness of cultures, which brings a comparative and interdisciplinary dimension to her research and teaching.
Es sind momentan noch keine Pressestimmen vorhanden.